logo1.png

_DSC0978.jpg

Häerzlech Wëllkomm am Réidener Kanton! Entdeckt mam Vëlo eng eenzegaarteg Regioun am Westen vum Land, laanscht d’Atert, mat natierleche Wisen, schéinen Dällercher, op de Spure vum Jhangeli.

 
Thierry Lagoda.jpg

BUERGERMEESCHTER VU BIEKERECH, PRÄSIDENT VUM SYNDICAT INTERCOMMUNAL DE RéIDENER KANTON

Thierry Lagoda

 

De Kanton Réiden huet iwwer di lescht 4 Joer zesumme mat der Leader-Regioun Lëtzebuerg West an der Gemeng Mäerzeg ee Vëlosweeër-Netz ausgeschafft.
Dës kommunal Vëlosweeër sinn am September an Oktober 2016 ausgeschëldert ginn. Nierft de Schëlder, déi d'Uertschaften ausweisen, hu mir och dräi touristesch Touren ausgeschëldert:

- den Jhangeli West Tour
- den Wisen West Tour
- den Dällchen West Tour

Mir freeën eis fir des Tier elo den 26. Mee 2019 kënnen anzeweien, dëst zesummen mam Tourismusminister Lex Delles.

Genéisst zesumme mat villen aanere Vëlosfuerer eis immens schéin a frëndlech Regioun, befuert eis agreabel Vëlosweeër, an entdeckt sou munch Iwwerraschungen ënnerwee.

Foto.jpg
all-logo.png